Ofschlossversammlung vun der Wahlcompagne 2017

2017-10-06



En Donneschdeg Owend hat d’LSAP Réiserbann zu enger Ofschlossversammlung vun der Wahlcampagne agelueden.

Nodems eise Präsident, Carlos Marques, d’Leit begréisst hat, huet den Dan Kersch, Inneminister a Minister vum ëffentlechen Déngscht en interessanten an uschaulechen Réckbléck op déi dréngend noutwendeg Reformen, wéi zB d’Reform vum Rettungswiesen an och d’Reform vun der Police, déi hien a seng Ministerkolleegen vun der LSAP bis elo an der lafender Legislaturperiode ëmgesat hunn presentéiert.

Nom Dan Kersch huet eise Buergermeeschter Tom Jungen d’Schwéierpunkter vun eisem Wahlprogramm nach eng Kéier presentéiert.

Am Uschloss un déi Erklärungen konnten d’Leit dunn hier Froen zu eisem Programm an Ideen stellen, Froen déi den Tom Jungen alleguerten souverän an informativ beäntwert huet.

Zum Ofschloss konnten d’Gäscht a lockerer Atmosphär nach perséinlech mat eise Kandidaten schwetzen.




» Fotoen