Mir soe Merci!

2023-06-18



Léif Matbiergerinnen a Matbierger,

E Sonndeg den 11. Juni hutt dir der LSAP Sektioun Réiserbann - dem Buergermeeschter senger Ekipp- bei de Gemengewalen, nach emol äert Vertraue geschenkt an eis no 2011 rëm d'absolutt Majoritéit am Gemengerot uvertraut. Duerfir soe mir iech e grousse Merci.

Fir eis ass dat eng zousätzlech Motivatioun, dee Walprogramm dee mer iech virun e puer Woche virgestallt hunn an deenen nächste 6 Joer sou gutt wéi méiglech ëmzesetzen. Eisem Koalitiounspartner vu bis elo, besonnesch hiere successive Schäffen, dem Suzette Dostert-Wagener, dem Marianne Pesch-Dondelinger an dem Erny Strecker wëlle mir och e grousse Merci soe fir e loyaalt, éierlecht a gutt Zesummeschaffen an deene leschte Joren.

Mir sinn eis der grousser Verantwortung bewosst, déi dir eis mat ärem Vertrauen an eis a mat der Majoritéit am Gemengerot ginn hutt. Mir verspriechen iech, dass mir d'Allgemengwuel ëmmer an de Mëttelpunkt vun eisem politeschen Engagement setze wäerten a wëllen dohier och an Zukunft mat iech zesummen eis Gemeng gestalten an no vir bréngen. Och mat den anere politesche Parteien an deene 6 Gewielte vu CSV, DP an déi Gréng wëlle mer, wéi bis elo, éierlech a fair zesummeschaffen. Dat selwecht erwaarde mer vun de politesche Matstreider.

Aktuell schaffe mer un der Schäfferotserklärung fir déi nächst Legislaturperiod fir dass de Gemengerot an de nächste Wochen eng éischte Kéier no de Walen zesumme komme kann. An deem Zesummenhang hu mir déi 3 aner am Gemengerot vertruede Parteie fir en Echange iwwert hier Prioritéiten invitéiert fir dat eent oder anert an d’Schäfferotserklärung mat z’iwwerhuelen.

Eis Gewielten hunn sech viru kuerzem gesinn, fir ze kucken, wéi et an deenen nächste Jore viru goe wäert. An deem Sënn hu mer der Inneministesch virun e puer Deeg, den Tom Jungen als neien an ale Buergermeeschter virgeschloen an déi zwee Nächstgewielten op der LSAP-Lëscht, d'Bettina Ballmann an den Angelo Lourenço als nei Schäffe vun der Gemeng Réiser proposéiert.

Den Edy Reding hëlt selbstverständlech säi Mandat am Gemengerot un a wäert zesumme mam Sandra Carelli, Erny Fisch an dem Yves Damy als neiem Member vum Gemengerot, de Schäfferot ënnerstëtzen. Den Edy Reding iwwerhëllt dann och d'Mandat vum Fraktiounsspriecher vun der LSAP am Gemengerot.

d'Ekipp vun der LSAP Réiserbann - dem Buergermeeschter seng Ekipp

Merci-Fotos-LU.jpg




» Fotoen