LSAP Réiserbann am Trauer

2022-04-01

Mir hunn déi traureg Flicht, den Doud vun eisem laangjärege Komerod a Frënd, dem Arthur SINNER, Éierebuergermeeschter vun der Gemeng Réiser, Member vum Gemengerot vun 1967-2008 a Buergermeeschter vun 1969-1975 a vu 1982-2008 musse matzedeelen.


Den Arthur Sinner huet eis Gemeng wéi kee virun him markéiert an dass d’Gemeng Réiser haut sou gutt do steet, ass enk mat sengem Numm verbonnen.

Hie stoung mat Aneren um Ursprong vun der Réiserbänner LSAP Sektioun an huet si iwwer 60 Joer enk begleet.

Mir wäerten den Arthes ëmmer a beschter Erënnerung behalen an hie ni vergiessen.

Senger Fra Irmchen, dem Luc a Jacky mam Tom, dem Yves, souwéi senger ganzer Famill a senge Frënn drécke mir eis déifste Matgefill aus.

 




» Fotoen