Generalversammlung LSAP Réiserbann

2022-03-10



Heimat invitéiere mer eis Memberen häerzlechst op eis Generalversammlung vum

Donneschdeg , den 17. Mäerz 2022 um 19.00 Auer

Am Café Am Musée (1.Stack)

38, rue de Crauthem zu Peppeng.

DAAGESUERDNUNG :

  1. Begréissung duerch de Komerod President Angelo LOURENCO
  2. Aktivitéitsbericht duerch de Komerod Jerry BUCARI
  3. Fraktiounsbericht duerch d’Komerodin Bettina Ballmann
  4. Keessebericht duerch de Komerod Erny FISCH
  5. Rapport an Neiwalen vun de Keesserevisoren (Marie-Paule Nickels-Monners a Roger Pettinger)
  6. Diskussioun vun den Berichter an Entlaaschtung vum Komitee
  7. Rapport vum Schäfferot duerch de Komerod Buergermeeschter Tom JUNGEN
  8. Festsetzen vun den Abgaben vun de Mandataire (20%)
  9. Neiwalen vum Komitee
  10. Referat vum Komerod Dan BIANCALANA, Député-Maire vun Diddeleng
  11. Fräi Aussprooch

Mir freeën eis fir dëst Joer nees kënnen no der Generalversammlung an enger gemittlecher Ronn bei engem Iessen zesummenzesëtzen.

Dir kënnt iech gäeren hei drënner bei "Iessen Generalversammlung" firt d'Iessen umellen an uginn wéiee Menu der auswielt.

Menu 1 : Ham, Fritten an Zalot   (25 €)

Menu 2 : Antipasti an “Tris de pâtes”   (30€)

Menu 3 : e vegetareschen/vegane Plat   (24€)

(All Gedrénks ass zu Laascht vum Participant.)