Marche Gourmande

2023-08-08

D'LSAP Sektioun Réiserbann invitéiert Iech de Sonndeg, 17. September 2023 ab 9:30 Auer op eisen 9te kulinareschen Trëppeltour duerch de Réiserbann ënnert dem Motto : « saisonal a regional”



10 km duerch d‘Gemeng Réiser mat hire flotte Spadséierweeër, grénge Bëscher a fruchtbare Flouer an e puer gastronomesch Statiounen erwaarden Iech.

Vun 9:30 Auer un kënnt Dir fortgoe bei der Réiser Gemeng, an engem Ofstand vun 10 Minutten. Leschten Depart ass um 11 Auer.

Menu

Verrine aux lentilles et betterave rouge

--------------

Potage au potiron

--------------

Salade paysanne

-------------

Prince Orloff

ou

Cannelloni ricotta-épinard

---------------

Buffet de Dessert LSAP

---------------

café ou thé

Bei all Plat ass ee Gedrénks dobäi

Fir Vegetarier hu mir Alternativen. Sot eis w.e.g. bei der Reservatioun Bescheed.

Umeldung/Reservatioun:

Fir op der Marche Gourmande matzegoen, muss Dir Iech spéitstens bis den 8. September 2023 umellen, well d’Unzuel vun den Aschreiwunge limitéiert ass. Är Umeldung kënnt Dir per E-mail un: contact@lsap-reiserbann.lu schécken oder iwwer Telefon maachen: 621 457 702 (Angelo Lourenço). D'Reservatioune ginn an der Reiefolleg wéi se erakommen, zréckbehalen.

Deelt eis weg folgend Donnéeë mat:

Numm a Virnumm, Telefon/GSM an/oder E-mail, Unzuel Erwuessen, Kanner (6- <15 ) Joer a Kanner <6 Joer, wéini Dir gäre fort gitt, an den Haaptplat deen dir wëllt.

D'Umeldungskäschte gi weg op de Kont CCPLLULL LU 67 1111 0344 8752 0000 vun der LSAP Réiserbann iwwerwisen. Är Umeldung gëllt eréischt als definitiv wann dir iwwerwisen hutt.

Umeldungskäschten:

Erwuessen: 51€ - Kand (6- < 15): 15€ - Kand (< 6-): gratis

Fir weider Renseignementer sti mir Iech gären zur Verfügung

Email: contact@lsap-reiserbann.lu / 621 457 702 (Angelo Lourenço)




» Fotoen